Back to top

Proposen

Öffentlechen Transport am ländleche Raum méi intelligent vernetzen. Ee Beispill wéi absurd et am Moment ass. Kaunref -> Ettelbreck 1h25, Esch-Sauer-> Ettelbreck 25 Minuten. Kaunref ass just 3km vun Esch-Sauer fort, mee vun do aus muss een als éischt mol op Woltz fueren.

Patrick | 10/05/2019 um 11:43h

50% vun de Stroosseluuchten ab 1:00 an der Nuecht ausschalten. Op der däitscher Säit sinn se och a villen Dierfer ab Metternuecht all aus.

Patrick | 09/05/2019 um 21:30h

Recyclebar Kotbeutelen fir Hënn (vill Leit benotzen mei wie 1 den dag an dat ass immens vill Plastik)

Chelsea | 09/05/2019 um 17:16h

D’Schoulbicher sollen an engem mouvement circulaire kommen, andeems se zb vun 7ièmen an engem Gebai benotzt ginn an d’Ioer dono vun aneren 7ième benotzt ginn

Hugo | 09/05/2019 um 11:51h

0%-Finanzéierung vu Photovoltaikanlagen.

Patrick | 10/05/2019 um 08:53h

CO2-Steier op Petrolsprodukter a Stroum. Déi Steier soll awer kënne bis zu engem gewësse Montant pro Awunner oder Employer recuperéiert ginn, sou datt just déi eppes méi bezuelen, déi zevill verbrauchen.

Patrick | 08/05/2019 um 13:32h

Den "Home office" soll méi ënnerstetzt ginn.

Luc | 08/05/2019 um 13:41h

Haart Geldstrofe fir déi Leit, déi Zigarettestëmp op d’Stroossen oder an d’Natur werfen, well: 1) Stroossen / Natur si keng Dreckskëscht; 2) e Stomp, deen an der Pipeline ukënnt, ka 500l Waasser kontaminéieren; 3) et ass geféierlech fir Villercher an Déieren

Simona | 11/10/2019 um 14:27h